Schëffleng huet eng laang Theatertraditioun. Zanter méi ewéi honnert Joer hu verschidde Veräiner dës Traditioun héich gehalen.
Den 2. Mäerz 2020 hu sech eng Rei theaterbegeeschtert Leit zesumme gedoen an de Schëfflenger Theater a.s.b.l. gegrënnt. D’Zil ass et Theateraktivitéiten ze entwéckelen an ze promovéieren an doduerch och an Zukunft déi laangjäreg Traditioun weider ze féieren.
Eis Haaptaktivitéit fënnt all Joer déi zwee lescht Weekender am Januar statt. Hei brénge mir eis trei a begeeschter Spectateure mat lëschtege Stécker un d’Laachen.