Selwecht Equipe - Neien Numm
Zënter Jore sti mir am Januar zu Schëffleng op der Bühn fir iech zum Laachen ze bréngen.
Fir datt dat an Zukunft och esou bleiwt, hu mir en eegestännegen Theaterclub gegrënnt: de Schëfflenger Theater.
Fir de Rescht bleiwt alles beim Alen. Mir sinn elo schon am Gaang, déi nei Saison ze préparéieren.
Reservéiert iech also elo schon déi 2 lescht Weekender am Januar 2021 a kommt de Schëfflenger Theater kucken.
