­




Informatiouns-Notiz vum Schëfflenger Theater asbl

iwwert den Schutz vu perséinlechen Donneeën
(entspriechend den Dispositioune vum RGPD)

 

  1. Numm a Kontaktdate vum Responsabele fir den Traitement vun den Donneeën

D’Donneeë gi geréiert vum Conseil d’administration vum
Schëfflenger Theater asbl, 36 Cité op Soltgen, L-3862 Schëffleng.

D’Nimm an d’Funktioune vun deenen eenzele Membere vum Conseil d’administration sinn um Internet-Site www.schefflenger-theater.lu/de-verain/conseil publizéiert.

 

  1. Gesammelt Donneeën

De Schëfflenger Theater asbl sammelt an traitéiert folgend Donneeën:

  • vu den aktive Membere: Virnumm, Numm, Postadress, E-Mail - Adress, GSM / Telefonsnummer, Matricule, Joer vun der Adhésioun;
  • vun de Membres adhérents : Virnumm, Numm, Postadress, E-Mail – Adress, GSM / Telefonsnummer;
  • vun de Spectateuren, déi Tickete kaf hunn: Virnumm, Numm, Postadress, E-Mail – Adress , GSM / Telefonsnummer, Datum vun de besichte Virstellunge.

 

  1. Finalitéit vum Traitement vun den Donneeën

Déi gesammelt Donneeë ginn exklusiv benotzt fir:

  • Den administrative Suivi vun den aktive Memberen an de Membres adhérents (z.B. Gestioun vun de Memberskaarten a Kotisatiounen) ;
  • D’Umelle vun den aktive Memberen bei offiziellen Instanzen entspriechend de legalen Obligatiounen, bei der zoustänneger Federatioun a bei den entspriechende Versëcherungen;
  • D’Informatiounen iwwert d’Aktivitéite vum Schëfflenger Theater asbl.

 

  1. Destinataire vun den Donneeën

D’Donneeë ginn exklusiv vum Schëfflenger Theater asbl fir seng eegen Zwecker genotzt an net un Drëtter weiderginn. En Accès op dës Donneeë hu just d’Membere vum Conseil d‘administration.

Eng Ausnam ass d’Weiderginn vun d’Donneeë vun den aktive Memberen:

  • Un déi offiziell Instanzen entspriechend de legalen Obligatiounen;
  • Un déi zoustänneg Federatioun;
  • Un déi entspriechend Versëcherungen.

 

  1. Dauer vun der Benotzung vu perséinlechen Donneeën

D’Donneeë vun den aktive Memberen an de Membres adhérents gi gehale bis datt den Member seng Memberschaft entspriechend dem Artikel 9 vun de Statute verléiert.

D’Donneeë vun de Spectateure gi gehalen bis datt:

  • Eng Matdeelung vun der Post kënnt, datt e Bréif net méi op der entspriechender Adress ofgeliwwert ka ginn;
  • En elektronesche Message kënnt, datt déi entspriechend Mail – Adress nët méi existéiert;
  • E Spectateur dem Veräin schrëftlech matdeelt, datt seng Donneeë geläscht solle ginn.

 

  1. Recht op d’Donneeën

Jiddereen huet d’Recht op Ufro seng perséinlech Donneeën:

  • Anzegesinn;
  • Verbesseren oder vervollstännegen ze loossen;
  • Läschen ze loossen.

Eng entspriechend Ufro ka schrëftlech agereecht ginn entweder per Post op de Siège social vun dem Schëfflenger Theater asbl oder per mail op info@schëfflenger-theater.lu .

 

  1. Fotoen vun dem Schëfflenger Theater asbl

Fotoe vun den aktive Memberen an de Memberen aus dem Comité ginn op dem Internet-Site www.schefflenger-theater.lu an op soziale Medien (z. B. Facebook, Instagramm) publizéiert, dëst ausschliesslech am Kontext vun der Informatioun iwwert de Schëfflenger Theater asbl..


 

Fotoe vun den Aktivitéite vum Schëfflenger Theater asbl ginn um Internet Site, op de soziale Medien, op verschiddene Korrespondenzen an a Publikatioune verëffentlecht. Bei de Publikatioune kann et sech och ëm esouer handelen, déi net vum Schefflenger Theater asbl eraus gi ginn. Dëst kënnen och Fotoe vu Spectateure sinn. Duerch d’Bedeelegung un enger Manifestatioun vum Schëfflenger Theater asbl ginn Spectateuren automatesch hiren Accord, fir datt dës Fotoe publizéiert kënne ginn. Eng entspriechend Informatioun gëtt bei all Manifestatioun an der Entrée gutt siichtbar affichéiert.

 

  1. Reklamatiounen

All Reklamatioun iwwert den Traitement vun de perséinlechen Donneeën duerch de Schëfflenger Theater asbl ka bei der CNPD (www.cnpd.lu) agereecht ginn.

 

 

 

De Conseil d’administration

Oktober 2025

­
Cookies user preferences
We use cookies to ensure you to get the best experience on our website. If you decline the use of cookies, this website may not function as expected.
Accept all
Decline all
Essential
These cookies are needed to make the website work correctly. You can not disable them.
Joomla!
Accept
Analytics
Tools used to analyze the data to measure the effectiveness of a website and to understand how it works.
Google Analytics
Accept
Decline
Save