Wëllkomm beim
Schëfflenger Theater



Eemol stierwen ass net genuch
vum Winnie Abel
an d'Lëtzebuergescht iwwersat vum Christiane Biewer, Carlo Lecuit a Robert Schmit
Eist Stéck vum Januar 2025
Ëm wat goung et?
Bei Pompes Funèbres Speck leeft d’Geschäft schlecht. D’Läiche maache sech rar. WéI endlech e gutt situéierte Client optaucht, gesäit d’Famill Speck Liicht um Enn vum Tunnel. Mee esou einfach geet dat net an de Chaos ass virprogramméiert.
Schwaarzen Humor an Turbulenzen hu fir witzeg Situatioune gesuergt an d’Laache war nees garantéiert.
Mir soen eisem Publikum e grousse merci fir déi flott Owender an hoffen Iech d'nächst Joer am Januar nees erëm ze gesinn.